Your well beeing is the only thing that matters
Because we care ... more!

© 2017 RGCoaching360

Wat maache mir?

Gesondheet

Dir kritt een 100% op Är Erwaardungen a Besoine cibléierten individuelle Coaching.
 

D’Konsultatiounen an d’Recommandatioune berouen op engem kompletten diätetesche Konzept, deen op der Basis vun deene rezensten a modernste wëssenschaftlechen a medezinesche Kenntnisser ausgeschafft gouf. 
 

Niewent direkten Therapië fir Krankheeten am Zesummenhang mat der Ernierung si laangfristeg Resultater vun enger Ännerung vun den Ernierungsgewunneschten e Bestanddeel vun der Philosophie vun RGCoaching 360.

 

Mat Hëllef vun enger einfacher, systematescher an alldeeglecher Uwennung vu psycho-nutritionnelle Moyenen erreecht Dir Är perséinlech Ziler, wéi zum Beispill eng dauerhaft a permanent Reduktioun vun Ärem Gewiicht, e Liewen ouni Péng, d’Therapie an d’Präventioun vu psycho-soziale Krankheeten, Allergien an Intoleranzen oder d’Erhéijung vun Äre kierperlechen a mentale Kompetenzen.

RGCoaching 360 exigéiert kee Regime 
RGCoaching 360 begleet Iech bei der Ännerung vun Äre Gewunnechten 

 

                                                                    Är Erwaardungen –> Eis Missioun

"because WE care about YOU and your health"

Dir hutt RGCoaching360 gewielt fir :
 

-  Är Ernierung zugonschte vun Ärem alldeegleche Wuelbefannen z’adaptéieren (Middegkeet, Stress…)

-  Infektiounen ze vermeiden, Entzündungen vum Verdauungssystem a vum Gelenksystem ze reduzéieren 

-  Kreeslafkrankheeten a metabolesche Krankheete virzebeugen

-  Ouni Risiko fir d’Gesondheet Gewiicht ze verléieren

-  d’Fale vun eiser moderner Alimentatioun z’ëmgoen

-  virzäiteg Alterungsprozesser an degenerativ Krankheeten ze bekämpfen

-  eng medezinesch Behandlung te begleeden an z’iwwerwaachen

 

Sport

Dir hutt Dir Iwwergewiicht a sidd permanent midd ?
Oder Dir fillt Iech net wuel an Ärer Haut an Dir sidd net glécklech ?
Oder Dir sidd gestresst an Dir hutt de Réck wéi?
Dir hutt no enger Verletzung Är Seancë beim Kinesitherapeut hannert Iech an Dir wëllt nees sportlech aktiv ginn?
Dir wëllt mat Hëllef vun enger gudder kierperlecher Preparatioun Ären Handicap am Golf verbesseren oder Är Schivakanz virbereeden?

 

Eis Servicer

   -    Gewiichtsverloscht
   -    Fitnessprogramm 
   -    Stäerkung vun de Muskelen 
   -    Spezifesch Programmer fir Senioren 
   -    Reathletisatioun fir Sportler 
   -    Kierperlech Preparatioun fir Sportler

Fitness an der Entreprise

Fitness an der Entreprise bitt Ären Employéë folgend Virdeeler:

 

  -   Erhéijung vun der Produktivitéit
  -   Reduzéierung vun de Congé-de-maladieën
  -   Verbesserung vun der Gesondheet vun Ären Employéen 
  -   Reduzéierung vum Stress
  -   Verbesserung vun der Moral an der Entreprise 
  -   Steigerung vum Fläiss bei der Aarbecht 
  -   Erhéijung vun der Motivatioun vun Ären Employéen 
  -   Attraktivitéit vun der Enterprise

 

Mental

De personaliséierte mentale Coaching ass eng op d’Optiméierung vun Ärem mënschlechen an organisatoresche Potential spezialiséiert Begleedung. De mentale Coaching fokusséiert sech op d’mental Prozesser, déi op Är Gedanken, Är Emotiounen, Äre bannenzeschen Zoustand an Äert Verhalen awierken. 

D’Zil vun dësem Coaching ass d’Entwécklung vun Äre soziale Kompetenze fir Är Objektiver z’erreechen, Iech besser u Changementer adaptéieren ze kënnen an Är berufflech a perséinlech Reussiten z’optiméieren.

 

De mentale Coaching ass e regelrechte Leeschtungs-Booster an eng efficace Léisung fir Äert Liewen nees mat Energie z’erfëllen.

 

D’Thematik vum mentale Coaching begräift:

·      Stress- an Angschtmanagement

·      Entwécklung vun der emotionaler Intelligenz

·      Stäerkung vum Selbstbewosstsinn

·      Zäit- a Prioritéitemanagement

·      Stäerkung vun Ärem Leadership

·      Stäerkung vun Ärer Motivatioun

·      Erhéiung vum Team-Zesummenhalt 

Seminairen an der Entreprise : Liewenaqualitéit op der Aarbecht 
 

“Besser liewen op der Aarbecht fir méi individuelle a kollektiv Leeschtung”. 
 

RGCoaching 360 organiséiert Seminairen an Atelieren zum Thema Wuelbefannen op der Aarbecht a Liewensqualitéit op der Aarbecht. 

Mir sinn iwwerzeegt dervun, dat d’Wuelbefanne vun de Salariéen an den Entrepreneuren zu enger gréisserer Produktivitéit an doduerch zu  enger besserer Kompetitivitéit féiert. D’Konzept vun eiser QVT-Demarche besteet dran, datt mir den Inhalt vun der Aarbecht iwwer de Wee vun der Verbesserung vun den Aarbechtsconditioune vun de Salariéen an der allgemenger Leeschtung vun der Enterprise iwwerdenken.

Et geet dorëms, d’mënschlecht Kapital vun Ärer Entrepise ze redynamiséieren an dat fir all Erfolleg wichtegst Element  nees an de Fokus ze réckelen : Äre mënschleche Potenzial.